Haaptsäit
Wëllkomm op der Wikipedia op Lëtzebuergesch!
Am Moment gëtt et 67.854 Artikelen an 119 aktiv Benotzer, an all Mount kommen Dosenden nei Artikelen derbäi.
Jidderee kann hei matmaachen – och Dir!
Aktuell WikiProjeten: Kënschtlerbiographien, Leit op Stroosseschëlter
Wousst Dir schonn, datt…

- … an der Kierch vu Bäerdref, ënner dem Haaptaltor, ee réimesche Véiergëtterstee steet, mat der Minerva, der Juno, dem Apollo an dem Herkules drop?
- … fir de Bau vun der Adolf-Emil-Hütte (haut ArcelorMittal Esch-Belval) 1909 praktesch dee ganzen 92 ha groussen Escher Bësch ofgeholzt ginn ass?
- … d'Lise Rischard (geb. Meyer, 1868-1940) am Éischte Weltkrich den Englänner Informatiounen iwwer däitsch Truppentransporter an der Stater Gare zoukomme gelooss huet, andeems dës kodéiert an engem Fortsetzungsroman an der Zäitschrëft Der Landwirt publizéiert goufen?
- … vun den iwwer 40 sougenannte Spueneschen Tiermercher, déi et an der Stad Lëtzebuerg gouf, der just nach 9 bis haut existéieren, resp. nees opgebaut goufen?
- … d'Ionesch Revolt 500/499 v. Chr. en Opstand vun de klengasiateschen an zypriotesche Griiche géint d'Perser war?
Artikel vun der Woch

Zu Lëtzebuerg gouf de Begrëff vun der Vëlosstrooss am Abrëll 2018 agefouert. Den Ufank an d'Enn vun der Vëlosstrooss si mat de Schëlter E,18a an E,18aa gezeechent.
De Verkéier ass do op 30 km/h limitéiert; d'Trajete vun de motoriséierte Gefierer déi do fueren, mussen um kierzte Wee gemaach ginn, se dierfen d'Cycliste weeder iwwerhuelen, nach a Gefor bréngen oder se behënneren, a se musse stoe bleiwe wann et néideg ass. An der Vëlosstrooss ass et verbueden ze stationéieren, ausser wa speziell Plazen agezeechent sinn.
Och an der Belsch, an Holland, an Däitschland an an Éisträich ass dat Konzept ënnert dem Numm rue cyclable, fietsstraat oder Fahrradstraße bekannt... > méi

Op engem 29. August
- 1632: Gebuert vum englesche Philosoph John Locke.
- 1780: De franséische Moler Jean-Auguste Ingres gëtt gebuer.
- 1812: De lëtzebuergeschen Architekt a Politiker Théodore Eberhard kënnt op d'Welt.

Ingrid Bergman - 1857: Gebuert vum lëtzebuergesche Journalist an Editeur Jean-Nicolas Moes.
- 1915: Déi schweedesch Filmschauspillerin Ingrid Bergman gëtt gebuer; si stierft op den Dag genee 1982.
- 1920: Den US-amerikanesche Museker Charlie Parker kënnt op d'Welt.
- 1939: De lëtzebuergesche Gewerkschaftler a Politiker Mario Castegnaro gëtt gebuer.
- 1958: Gebuert vum US-amerikanesche Museker Michael Jackson.
Kierzlech Verstuerwen

- 28. August: Harald V., Kinnek vun Norwegen.
- 25. August: Tim Curry, brittesche Schauspiller; Dolly Parton, US-amerikanesch Countrysängerin.
- 24. August: Philippe Bouvard, franséische Journalist a Radios- an Teleesanimateur.
- 23. August: Klaus-Michael Kühne, däitsche Geschäftsmann.
- 22. August: Siim Kallas, estnesche Politiker.
Aner Wikimediaprojeten
Meta-Wiki– Koordinatioun
Commons– Medien
Wiktionnaire – Dictionnaire
Wikibooks – Léierbicher
Wikiquote – Zitater
Wikiversity – Léierplattform
Wikisource – Quellen
Wikinews – Noriichten
Wikidata – Wëssensdatebank
Wikivoyage – Reesguiden
MediaWiki – MediaWiki-Software
Wikispecies – Datebank fir Liewewiesen
Wikifunctions – Funktiounsbibliothéik
