Cargolux
| De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstÀnneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen. |
| Cargolux | |
|---|---|
|
Logo | |
|
| |
| Typ | Société anonyme (Lëtzebuerg) |
| LoftfaartdréikrÀiz | Fluchhafe Lëtzebuerg |
| IATA-Prefixcode | 172 |
| IATA-Code | CV |
| ICAO-Code | CLX |
| Grënnungsdatum | 4. MÀerz 1970 |
| Sëtz | Sandweiler |
| Generaldirekter | Ulrich Ogiermann |
| Homepage | https://www.cargolux.com/Home |
|
| |
Fligeren
[Ànneren | Quelltext Ànneren]| Flott vun der Cargolux am Mee 2018 | ||||||
|---|---|---|---|---|---|---|
| Immatrikulatioun | Fliger | Geliwwert | ||||
| LX-ECV | Boeing 747-400ERF | 30.10.2013 | ||||
| LX-FCL | Boeing 747-400F | 19.10.2015 | ||||
| LX-GCL | Boeing 747-400F | 22.08.2016 | ||||
| LX-ICL | Boeing 747-400F | 13.09.2017 | ||||
| LX-JCV | Boeing 747-400ERF | 27.05.2015 | ||||
| LX-OCV | Boeing 747-400F | 12.07.1999 | ||||
| LX-RCV | Boeing 747-400F | 23.11.1999 | ||||
| LX-SCV | Boeing 747-400F | 06.08.2001 | ||||
| LX-TCV | Boeing 747-400F | 22.08.2002 | ||||
| LX-UCV | Boeing 747-400F | 22.04.2004 | ||||
| LX-VCV | Boeing 747-400F | 23.11.2005 | ||||
| LX-WCV | Boeing 747-400F | 06.08.2007 | ||||
| LX-YCV | Boeing 747-400F | 21.07.2008 | ||||
| LX-VCA | Boeing 747-8F | 08.03.2013 | ||||
| LX-VCB | Boeing 747-8F | 12.10.2011 | ||||
| LX-VCC | Boeing 747-8F | 23.03.2012 | ||||
| LX-VCD | Boeing 747-8F | 13.10.2011 | ||||
| LX-VCE | Boeing 747-8F | 24.05.2012 | ||||
| LX-VCF | Boeing 747-8F | 12.09.2012 | ||||
| LX-VCG | Boeing 747-8F | 19.11.2012 | ||||
| LX-VCH | Boeing 747-8F | 15.05.2013 | ||||
| LX-VCI | Boeing 747-8F | 26.09.2013 | ||||
| LX-VCJ | Boeing 747-8F | 30.09.2014 | ||||
| LX-VCK | Boeing 747-8F | 24.07.2014 | ||||
| LX-VCL | Boeing 747-8F | 05.03.2015 | ||||
| LX-VCM | Boeing 747-8F | 28.09.2015 | ||||
| LX-VCN | Boeing 747-8F | 29.09.2016 | ||||
| Wetlease | ||||||


D'Cargolux Airlines International S.A., kuerz Cargolux ass eng lëtzebuergesch Fluchgesellschaft.
Geschicht
[Ànneren | Quelltext Ànneren]D'Cargolux ass am MÀerz 1970 ënner anerem zesumme vun der Luxair, der Salen Shipping Group, der Loftleidir Icelandic gegrënnt ginn.[1] D'Gesellschaft huet mat enger CL-44 ugefaangen, déi am Ufank vu Lëtzebuerg aus an déi deemoleg brittesch Krounkolonie Hong Kong geflunn ass. Se haten en éischte Fligerverloscht den 2. Dezember 1970 ze verzeechne wéi d'CL-44 TF-LLG bei engem Transport mat Hëllefsmëttele fir d'SchwÀizer Rout KrÀiz an der Géigend vu Bangladesch eng onkontrolléiert Noutlandung gemaach huet, bei dÀr déi véier Besatzungsmemberen ëm d'Liewe koumen[2].
Vun dÀr Zort Fligere waren et der 1973 5 Stéck, dat selwecht Joer gouf och eng DC-8 vu McDonnell Douglas kaaft.
- 1974 hunn d'Cargolux an d'Loftleidir Icelandic hir Maintenance an IngenieursberÀicher zesummegeluecht.
- 1975 huet d'Cargolux dunn nei BĂŒrosgebaier an 2 nei Hangare kritt.
- 1979 ass en Tournant an der Geschicht vun der Cargolux: Seattle liwwert déi éischt Boeing 747-200F.
- 1982 ënnerschreift China Airlines als éischt Fluchgesellschaft eng strateegesch Allianz mat der Cargolux.
- 1984 gëtt déi lescht DC-8 aus dem Verkéier gezunn, andeems zur selwechter ZÀit déi drëtt Boeing 747-200F agesat gëtt.
- 1990 si weider 2 Boeing 747-200F bei d'Flott derbÀikomm.
- 1993 ass déi éischt Boeing 747-400F zu Lëtzebuerg ukomm an d'Cargolux gëtt domat weltwÀit déi éischt Cargogesellschaft déi dëse Fligertyp asetzt. 1999 sinn et schonn zéng Maschinne vun deem Typ.
- De 14. November 2005 huet Cargolux als éischt Fluchgesellschaft zéng nei Boeing 747-8F bestallt. Si hat domat grad sou wéi bei der Commande vun de B747-400F den 13. September 1989 d'Nues vir.
- Den 19. MĂ€erz 2007 huet d'Cargolux 3 weider B747-8F Transportere bestallt.
- Den 13. Oktober 2011 huet d'Cargolux déi éischt B747-8F geliwwert kritt.
- De 24. MÀerz 2012 huet d'Cargolux déi drëtt B747-8F geliwwert kritt.
- De 25. Mee 2012 huet d'Cargolux déi véiert B747-8F geliwwert kritt.

- Den 13. September 2012 huet d'Cargolux déi 5. B747-8F geliwwert kritt.
- Den 8. MÀerz 2013 huet d'Cargolux déi 7. B747-8F geliwwert kritt.[3]
- Am Mee 2023 op der "Paris-Air-Show" huet Cargolux bekannt gemaach, dass si 10 nei Boeing 7778F bestallt huet. Déi Boeinge géifen d'Boeinge 747-4 ersetzen; d'Liwwerung ass tëscht 2024 an 2028 geplangt.
Aktionariat
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Den 9. Juni 2011, hunn de Luc Frieden an de Claude Wiseler, am Numm vum Lëtzebuerger Staat, e Kontrakt ënnerschriwwen, mat deem 35 % vun der Cargolux un d'ING iwwerdroe goufen, déi se da fir 117,5 Milliounen Euro u Qatar Airways verkaf huet. De Staat hat deemools 8,02 % vun de Parte vu Cargolux, 85 % waren an der Hand vun der Luxair, der SNCI an der Spuerkeess[4].
Am Oktober 2012 gouf bekannt, datt bei deem Deal déi (para-)ëffentlech Undeelseegener (Staat, Luxair, Spuerkeess, SNCI) hir Aktien zu engem wÀit méi niddrege PrÀis ofgetrueden hu wéi verschidde Privatinvestisseuren (ë. a. BIP Investment Partners a Lux-Avantage). Sou soll dem Lëtzebuerger Land no d'BIP 42,354 Milliounen US-Dollar vum Verkaf vu sengen Aktie kritt hunn (dovun der 20,4 Millioune fir hir 461 600 Virzuchsaktien; iwwerdeems d'Luxair 27,75 Milliounen Dollar kritt huet, obwuel se, wa se d'selwecht behandelt gi wier, 101 Milliounen Dollar méi fir hir Virzuchsaktien hÀtt kéinte kréien. Genee sou hÀtt d'Spuerkeess, déi 6,976 Milliounen Dollar krut, bei glÀicher Behandlung der 25,5 Milliounen USD méi fir hir Virzuchaktie kéinte kréien, an d'SNCI der 20,5 Milliounen drop op déi 6,8 Milliounen, déi se krut[4].
Am Januar 2013 huet Qatar Airways seng Bedeelegung nees verkaf. De selwechte Mount gouf de Paul Helminger zum President vum Verwaltungsrot nominéiert[5].
An de MĂ©int duerno gouf en neie KoaktionĂ€r gesicht. De 15. Januar 2014 huet dĂ©i chineesesch HNCA 120 Milliounen US-Dollar 35 % vun de Parten iwwerholl. Deen Accord gesĂ€it Ă«. a. den Developpement vun enger sougenannter "Dual Hub Strategy" vir, mat engem europĂ€esche Logistikzenter um Fluchhafe LĂ«tzebuerg an engem chineeseschen um Fluchhafe vu Zhengzhou. HNCA huet sech dozou engagĂ©iert, der Cargolux hiert Kapital am FrĂ©ijoer 2014 mat ze erhĂ©ijen[6]. Den Dirk Reich ersetzt de Richard Forson als Generaldirekter. 2013 hat Cargolux en Ămsaz vun 1.988,5 Milliarden Dollar an en NettogewĂ«nn vun 8,4 Milliounen Dollar.
Nodeems den Dirk Reich 2016 zeréckgetruede war, gouf de Richard Forson nees Generaldirekter[7][8].
Nom Doud vum Paul Helminger am Abrëll 2021, gouf d'Christianne Wickler nei Presidentin vum Verwaltungsrot[9][10]. Si gouf no hirer Demissioun am MÀerz 2023 duerch den Tom Weisgerber ersat.[11]
Destinatiounen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]D'Cargolux operéiert op 90 Destinatiounen, dovu 57 reegelméisseg :
Abidjan - Accra - Johannesburg - Kinshasa - Lagos
Bogota - Calgary - Chicago - Curitiba - Guadalajara - Houston - Latacunga - Los Angeles - Mexiko - New York - Panama - Rio de Janeiro - San Francisco - SĂŁo Paulo - Seattle
Baku - Bangkok - Charjah - Chennai - Hong Kong - Istanbul - Karachi - Komatsu - Kuala Lumpur - Seoul - Shanghai - Singapur - Taipeh
Barcelona - Budapest - Glasgow - Helsinki - Lëtzebuerg - Maastricht - Mailand
Basisdaten
[Ànneren | Quelltext Ànneren](Stand: 2014)
- Frachtopkommen: 753 848 Tonnen
- Geflunnen Tonnekilometer: 5700Â Mio.
| Gewënn / Verloscht an US-$ | |
|---|---|
| 2001 | 15 Mio. |
| 2002 | 49 Mio. |
| 2003 | 70 Mio. |
| 2004 | 83 Mio. |
| 2005 | 78 Mio. |
| 2006 | 83 Mio. |
| 2007 | -47 Mio. |
| 2008 | -61 Mio. |
| 2009 | -153.30 Mio. |
| 2010 | 59 Mio. |
| 2011 | -18,3 Mio. |
| 2012 | -35,1 Mio. |
| 2013 | 8,4 Mio. |
Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]|  Commons: Cargolux â Biller, Videoen an Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext Ă€nneren]- â Alex Stevensson, Wie eine kleine islĂ€ndische Fluggesellschaft zu Luxemburgs Frachtgiganten wurde. wort.lu [âŹ] (5.10.2024) / Luxemburger Wort 7.10.2024, S.32-33. Gekuckt de 7.10.2024.
- â Rapport op aviation-safety.net
- â Pressematdeelung vun der Cargolux iwwer hir 6. B747-8 ArchivĂ©iert de 05.03.2016. Gekuckt den 03.10.2013.
- 1 2 Véronique Poujol: "Traitement asymétrique." d'Lëtzebuerger Land, 26.10.2012; op land.lu an Déis.: "Le 'Friedengate' fera-t-il long feu ?" d'Lëtzebuerger Land, 2.11.2012; op land.lu.
- â "Cargolux-Verwaltungsrot: Helminger neie President." RTL.lu - 15.01.2013, 07:05 | Fir d'lescht aktualisĂ©iert: 15.01.2013, 16:16.
- â "Cargolux-HNCA-Deal: Chineese bezuelen 120 Milliounen Dollar fir 35Â % vu Parten." rtl.lu, Leschten Update: 15.01.2014, 07:49.
- â (lb)Â Cargolux: Forson neie Generaldirekter, Maxim Strauss neien 2. Mann. www.rtl.lu. Gekuckt den 02.05.2021.
- â Corporate Governance - Cargolux. www.cargolux.com. Gekuckt den 02.05.2021.
- â (lb) Nei Presidentin: Christianne Wickler eestĂ«mmeg vu Cargolux-AktionnĂ€ren ugeholl. www.rtl.lu. Gekuckt den 02.05.2021.
- â Cargolux appoints new Chairman of the Board of Directors - Cargolux. www.cargolux.com. Gekuckt den 02.05.2021.
- â "Cargolux Verwaltungsrot: Christianne Wickler demissionĂ©iert, Tom Weisgerber wĂ€ert iwwerhuelen." rtl.lu, 31.03.2023.
