Op den Inhalt sprangen

Falcon 1

Vu Wikipedia
Start vun enger Falcon 1 iwwer Omelek Island den 13. Juli 2009, 16:15 (PDT)

D'Falcon 1 war eng zweestufeg DrorakĂ©it, dĂ©i vun der Firma SpaceX entwĂ©ckelt gouf. Den Ă©ischte Start vun enger Falcon 1 war de 24. MĂ€erz 2006 vun der Insel Omelek am Pazifik, war awer kuerz dono mat engem Ofstuerz vun der RakĂ©it um Enn. ErĂ©ischt de vĂ©ierte Fluch vum 28. September 2008 war erfollegrĂ€ich, de fĂ«nefte Fluch vum 14. Juli 2009 hat eng kommerziell Notzlaascht an de Weltraum bruecht. D'Falcon 1 war soumat dĂ©i Ă©ischt privat entwĂ©ckelt RakĂ©it, dĂ©i Notzlaaschten an e stabilen Äerdorbit transportĂ©iere konnt. Weider Starte goufe keng gemaach, d'WeiderentwĂ©cklung zum Typ Falcon 1e an zu der Falcon 5 gouf vun SpaceX ausgesat, fir sech op Falcon 9 ze konzentrĂ©ieren.

Falcon 1 an enger Wierkshall
Falcon 1 op der Startplattform zu Vandenberg AFB

DĂ©i 90 Milliounen US-Dollar EntwĂ©cklungskĂ€schte vun der Falcon 1 goufen net wĂ©i normal Ă«ffentlech, mĂ€ privat finanzĂ©iert. DĂ©i bĂ©id Éischtstarts vun der RakĂ©it goufen allerdĂ©ngs vum US-VerdeedegungsministĂšre gebucht, fir nei an den USA fabrizĂ©iert DrorakĂ©iten fir d'Agentur DARPA z'erprouwen.

Éischten erfollegrĂ€iche Start vun der Falcon 1

D'Falcon 1 war de liichtsten Dréier vun der Falcon-Famill. Op der Grondlag vun der Falcon 1 gouf spéider déi vill méi staark Falcon 9 entwéckelt.

D'Falcon 1 war eng zweestufeg, mat flĂ«ssegem Sauerstoff a RakĂ©itekerosin (RP-1) ugedriwwe RakĂ©it. D'RakĂ©it sollt zu 80 % recyclĂ©ierbar sinn an e Fluch an eng niddreg ÄerdĂ«mlafbunn fir 6,7 Milliounen Dollar ermĂ©iglechen. Dozou sollt dĂ©i Ă©ischt Stuf vun der Falcon 1 mat HĂ«llef vu Fallschiermer op d'Äerd zerĂ©ckbruecht ginn, wou si no enger Inspektioun fir de nĂ€chste Start zur Dispositioun stoe sollt. Leider gouf bei de fĂ«nnef Flich kee Versuch fir eng Biergung Ă«nnerholl. DĂ©i zweet Stuf vun der RakĂ©it war net mĂ©i ze fannen.

D'LĂ€ngt vun der Falcon 1 war 21,3 m, den Duerchmiesser 1,7 m, d'Startgewiicht 27.200 kg. Dat vu SpaceX selwer entwĂ©ckelt Merlin-Dreifwierk hat beim Start e Schub vun 318 kN. DĂ©i Ă©ischt Stuf hat eng Brenndauer vun 169 Sekonnen an hat d'RakĂ©it op eng HĂ©icht vun 90,3 km bruecht. FĂ«nnef Sekonnen no der Stufentrennung hat dĂ©i zweet Stuf gezĂŒnnt, dĂ©i dann no 552 Sekonnen ausgebrannt war an d'RakĂ©it op eng HĂ©icht vun zirka 405 km brĂ©nge konnt. Och dat Kestrel-Dreifwierk vun der zweeter Stuf gouf vun SpaceX entwĂ©ckelt. DĂ©i maximal Notzlaascht war 670 kg, dĂ©i an eng Ëmlafsbunn mat 200 km HĂ©icht bei engem Start vu Cape Canaveral bruecht konnt ginn. DĂ©i maximal HĂ©icht bei engem direkten Aussetze vum TransportmĂ«ttel war 700 km bei 240 kg a glĂ€icher Startplaz.

Ufanks war den éischte Start vun der Falcon 1 fir September 2004 geplangt, ass awer méifach verréckelt ginn. Och der éischte, fest agesate Startversuch de 26. November 2005 hat misse wéinst technesche Problemer verréckelt ginn. Den nÀchste Startversuch vum 19. Dezember 2005 hat kuerz virum Ofhiewe wéinst von Schied am Dreifstofftank vun der éischter Stuf ofgesot misse ginn. Dorophin sollt d'Rakéit den 9. Februar 2006 starten, wat dann och nees verréckelt gouf.

De Start war dann de 24. MĂ€erz 2006 um 22:30 Auer UTC, a gouf mat engem Crash vun der RakĂ©it beennd. No Ă©ischten Analyse war e Lach am Dreifstoffsystem d'Ursaach fir den Ofstuerz. D'RakĂ©it war plangmĂ©isseg, bei T+25s (25 Sekonnen nom ZĂŒnde vum Haaptdreifwierk) gestart. SpĂ©ider hat sech erausgetallt, datt e Feeler wĂ€rend der Virbereedung vun der RakĂ©it fir d'Dreifstofflach verantwortlech war. Bei hirem Ă©ischte Fluch hat d'RakĂ©it de militĂ€reschen Mikrosatellit FalconSat-2 fir d'US Air Force a fir d'DARPA u Bord, dĂ©i 8 Milliounen US-Dollar fir de Start bezuelt haten.[1]

Den zweete Fluch hat keng Satellitenotzlaascht, mĂ€ nĂ«mmen Instrumenter fir d'Iwwerwaache vun der RakĂ©it. DĂ«se Fluch war den 21. MĂ€erz 2007, hei hat dĂ©i zweet Stuf e Problem a konnt d'Ëmlafbunn net erreechen. Trotz de Problemer hat SpaceX den zweete Fluch als erfollegrĂ€ichen Testfluch ugesinn a war bereet, de kommerzielle Betrib opzehuelen.[2]

Beim drĂ«tte Fluch am Januar 2008 sollt d'RakĂ©it als Haaptnotzlaascht den US-amerikanesche MilitĂ€rsatellit TacSat 1 an d'ÄerdĂ«mlafbunn transportĂ©ieren, dee war awer duerch dĂ©i dacks StartverrĂ©cklungen an der TĂ«schenzĂ€it ze al ginn a gouf net op dĂ«sem Fluch gestart. Amplaz gouf de Start vun den drĂ€i experimentelle Satellitten Trailblazer, NanoSail-D an PreSat souwĂ©i e Weltraumbegriefnes op dĂ«sem Fluch duerchgefouert.[3] Et koum awer zu enger Kollisioun vun de bĂ©ide Stufen wĂ€rend der Stufentrennung an zum Enn zu einem Versoe vun der Uewerstuf.

De vĂ©ierte Fluch vum 28. September 2008 hat eng 170 kg schwĂ©ier Aluminium-Notzlaaschtattrapp erfollegrĂ€ich an eng 644 mol 621 Kilometer hĂ©ich Ëmlafbunn bruecht. Et war domat den Ă©ischte private Satellittentransport vun enger FlĂ«ssegkeetsrakĂ©it.[4]

De fĂ«nnefte Fluch vum 14. Juli 2009 hat erfollegrĂ€ich den 180 kg schwĂ©iere malayseschen Äerdobservatiounssatellit RazakSat an eng ÄerdĂ«mlafbunn transportĂ©iert.[5]

Nom éischte kommerziell erfollegrÀiche Start hat SpaceX de 6. August 2009 bekannt ginn, datt d'Falcon 1 duerch d'Falcon 1e ersat géif ginn an hiren éischte Start fir Enn 2010 sollt sinn. D'Versioun 1e sollt méi eng grouss Notzlaaschtverkleedung hunn.

Am Januar 2011 hat SpaceX beschloss, d'Entwécklung vun der Falcon 1e anzestellen an déi verbleiwend OptrÀg op frÀi Kapazitéite vun der Falcon 9 ëmzebuchen.

Version Falcon 1 Falcon 1e
Éischt Stuf 1 × Merlin-1 1 × Merlin-1D
Zweet Stuf 1 × Kestrel 2 1 × Kestrel 2
Héicht (maximal) (m) 23,8 27,4
Duerchmiesser (m) 1,7 1,7
Schub (um Buedem) (kN) 345 zirka 622[6]
Startmass (t) 27,670 44,985
Nutzlastverkleidung
Duerchmiesser (m)
1,5 1,71
Notzlaascht (LEO) (kg) 420
(och Flch no SSO
mat liichter Notzlaascht méiglech)
1100
(no SSO: 550)
Notzlaascht (GTO) (kg) - -
PrÀis (Mio. US-Dollar) 7,9 9,1

Dëst ass eng vollstÀnneg Startlëscht vun der Rakéit Falcon 1. Stand vun der Lëscht: 4. MÀerz 2013.

Laf. Nr. Datum (UTC) Typ Startplaz Notzlaascht Aart vun der Notzlaascht Notzlaascht a kg (bruttoÂč) OrbitÂČ Bemierkungen
1 24. MÀerz 2006 Falcon 1 Omelek FalconSat-2 Technologieerproufsatellit 21 kg LEO Mësserfolleg
Feeler an der 1. Stuf, Ofstuerz vun der Rakéit
2 21. MÀerz 2007 Falcon 1 Omelek DemoSat Demonstratiounsnotzlaascht k. A. LEO Mësserfolleg
Feeler an der 2. Stuf. Rakéit erreecht 289 km Héicht an eng Vitess vu 5,1 km/s

Gëtt vu SpaceX selwer als Deelerfolleg bezeechent, well ee genuch Date fir operationell Flich sammele konnt.

3 3. August 2008 Falcon 1 Omelek Trailblazer, NanoSail-D, PreSat, Celestis 07 Technologieerprouwung, Sonnesegel, Technologieerprouwung, Weltraumbegriefnes 170 kg LEO Mësserfolleg
Kollisioun vun éischter an zweeter Stuf, dorophin Versoe vun der 2. Stuf
4 28. September 2008 Falcon 1 Omelek DemoSat Demonstratiounsnotzlaascht 165 kg LEO Erfolleg
5 14. Juli 2009 Falcon 1 Omelek RazakSAT Äerdobservatiounssatellit ~180 kg LEO Erfolleg

Âč Bruttogewiicht, d. h. Mass vun der Notzlaascht inklusiv Adapter, GehĂ€is asw.

ÂČ Net zwangsleefeg den Zilorbit vun der Notzlaascht – mĂ€ d'Bunn op dĂ€r d'Notzlaascht vun der Uewerstuf ausgesat sollt ginn.

 Commons: Falcon 1 – Biller, Videoen an Audiodateien
  1. ↑ Pad Processing Error Doomed Falcon 1
  2. ↑ SpaceX gives update on Falcon test flight results, 28. MĂ€erz 2007
  3. ↑ Spacetoday.net: Report: Pentagon cancels TacSat-1 launch (18. August 2007)
  4. ↑ Spiegel.de: Privatrakete "Falcon 1" endlich im All
  5. ↑ Spaceflight Now: Commercial launch of SpaceX Falcon 1 rocket a success
  6. ↑ http://www.bernd-leitenberger.de/falcon9.shtml Bernd Leitenberger: Die Falcon 9, Gekuckt: 23. Mee 2012