Op den Inhalt sprangen

Hayange

Vu Wikipedia
Hayange

Land FrankrÀich
RegiounGrand Est
Departement Moselle
ArrondissementThionville
Kanton Hayange
Postcode 57700
Gemengecode 57306
Koordinaten 49° 19’ 48’’ N
      06° 03’ 46’’ O
FlÀch  1.223 ha
Bevëlkerung  15.340 (2007)

Hayange ass eng fransĂ©isch Stad a Gemeng am Departement Moselle an der Regioun Grand Est, an Haaptuert vum Kanton mat dem selwechten Numm. D'Uertschaft lĂ€it zirka 10 km sĂŒdwestlech vun Diddenuewen a gouf am Joer 821 fir d'Ă©ischt als Heingen ernimmt.

Hayange huet am Joer 1970 mat der Gemeng Saint Nicolas en ForĂȘt, an 1971 mat Marspich fusionĂ©iert. Ranguevaux ass 1972 och derbĂ€ikomm. DĂ©i Gemeng ass awer erĂ«m 1987 onofhĂ€ngeg ginn.

De Kanton vun Hayange huet 3 Gemengen: Hayange, Ranguevaux a Serémange-Erzange.

Zanter 1704 ass Hayange vun der Eisen- a Stolindustrie markéiert. Nodeem vill Industrien an den 1970er an 1980er Joren opgehalen hu mat schaffen, sinn haut nach d'Entreprise Corus, déi Eisebunnschinne produzéiert, a Sollac Lorraine zu Hayange aktiv.

Hayange
 Commons: Hayange – Biller, Videoen oder Audiodateien