Joseph Kutter
| Joseph Kutter | |
|---|---|
|
Eegeportrait vun 1919 | |
| Gebuertsnumm | Johann Ferdinand Kutter |
| Gebuer |
12. Dezember 1894 Lëtzebuerg |
| Gestuerwen |
2. Januar 1941 Lëtzebuerg |
| Alter | 46Â Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Educatioun |
Akademie der Bildenden KĂŒnste MĂŒnchen, AthĂ©nĂ©e de Luxembourg |
| Aktivitéit | Moler, Kënschtler |
| Auszeechnungen | Prix Grand-Duc Adolphe |
| Famill | |
| Papp | Paul Kutter |
| GeschwĂ«ster | Ădouard Kutter |
| Kanner | Dolphe Kutter, Catherine Kutter |
|
| |
De Joseph Kutter, gebuer den 12. Dezember 1894 am Scheedgesbierg an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen den 2. Januar 1941, war ee vun de bedeitendste lëtzebuergesche Moler.
Hie war de Brudder vum Fotograf Ădouard Kutter sen. an de Papp vum Cheemiker Dolphe Kutter.
SĂ€i Liewen
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]De Joseph Kutter ass an der Stad LĂ«tzebuerg opgewuess, wou en an de KollĂ©isch an an d'Handwierkerschoul goung, well een do zeechnen a mole lĂ©iere konnt. Vun 1911 bis 1914 huet hien op de Kunstgewerbeschulen vu Stroossbuerg a MĂŒnchen studĂ©iert, an 1916 zu Köln Glasmolerei. 1918 ass hien e puer MĂ©int zu MĂŒnchen op d'Akademie gaangen, an ass bis 1924 zu MĂŒnchen bliwwen.
Wéi en 1924 zu Lëtzebuerg am Salon vum Cercle Artistique ausgestallt huet, krut en ze spieren, datt wéineg Versteesdemech fir sÀi kënschtleresch Talent do war. ZÀit senges Liewens huet de Joseph Kutter drënner gelidden, datt e keng Unerkennung fonnt huet. Hien huet dann och 1927 mat aneren Artisten d'Sezessioun gegrënnt.
1929 huet hien eng Rees a SĂŒdfrankrĂ€ich gemaach, wou hien d'Stied Cassis, Marseille an Toulon besicht huet. Dat Joer drop ass hien erĂ«m a SĂŒdfrankrĂ€ich gereest, Ă«nner anerem op Cannes, Nice a Saint-Tropez.
Seng Biller charakterisĂ©iere sech schonn am Ufank duerch Ă©ischter dĂ€ischter FaarftĂ©in, ginn dann, Ă«nner dem Androck vum Paul CĂ©zanne mĂ©i hell, dann, Ă«nner dem Afloss vum Expressionismus, nees mĂ©i dĂ€ischter. De Kutter huet Landschaftsbiller vu Venedeg, Saint Tropez a Calvi, an och Dierfer aus dem Ăislek gemoolt. Hinnen entstrĂ©imt eng melancholesch StĂ«mmung; den Himmel oder den Hannergrond sinn dĂ€ischtergrĂ©ng oder schwaarz.
No den 1920er Joren huet hien nach just zwou Reesen an d'Ausland gemaach, nÀmlech an Holland (1934 op Amsterdam an 1939 op Enkhuizen); d'Biller, déi do entstane sinn, hunn e méi differenzéiert Faarwespill.
Bekannt sinn och seng Kannerportraiten a Portraite vun him selwer. Seng Selbstportraite loosse seng bannenzeg Onrou spieren. Eng Serie Biller vu Clownen, déi tëscht 1936 an 1937 entstinn, weise soss nÀischt wéi Niddergeschloenheet a Verzweiwelung.
De Joseph Kutter ass den 2. Januar 1941 am Alter vu 45 Joer an der Stad Lëtzebuerg gestuerwen.
Galerie
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- La Bùilleuse, 1926
- L'homme au doigt coupé, 1930
- Selbstportrait, ~1936
- Le champion, 1932
- Femme accoudée, ~1929
- Cheval de bois, 1937
- intérieur avec 3 figures, ~1940
- Nu couché
- Venise, ~1924
- Nature morte, 1930-31
- Nature morte, 1925
- DébarcadÚre en Hollande, 1939-40
- Clown à l'accordéon, ~1936
- TĂȘte de Clown, ~1936-41
- Clown avec accordéon, 1936
- Pont Ă Enkhuizen, 1938-39
- Chemin menant vers une maison de campagne
- Place du village, 1927
- Tour Ă Enkhuizen, 1939-40
- Luxembourg, 1937
- Clervaux (1937)
Unerkennung
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]- 1969 gouf e Monument zu senger Ăier (Joseph-Kutter-StĂšle) am Park zu LĂ«tzebuerg ageweit.
D'Post huet e puermol KĂ€ppercher als Undenken un de Joseph Kutter erausbruecht.
Erënnerungsplack - Um Lampertsbierg gouf eng Strooss no him genannt[1].
- Op sengem Gebuertshaus am Scheedgesbierg (rue Wiltheim) gouf am Oktober 2017 vum Comité Alstad eng Erënnerungsplack opgehaangen[2].
Gielercher
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- 1924: Prix Grand-Duc Adolphe[1].
Kollektiounen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Nationalmusée um Fëschmaart
- Autoportrait, och Autoportrait Ă la chemise rouge, 1919
- Nu couché, 1919
- Venise, 1924
- Le champion, 1932
- Suzanne, 1933 (PrĂȘt)
- Luxembourg, ëm 1936
- Musée national d'art moderne - Centre Pompidou - zu ParÀis
- L'homme au doigt coupé, 1930
Ausstellungen
[Ànneren | Quelltext Ànneren]- Kutter 1894 - 1941
- Musée national d'histoire et d'art, Stad Lëtzebuerg, 13. Dezember 1994 - 15. Januar 1995
- GroĂe Orangerie, SchloĂ Charlottenburg, Berlin, 5. Februar 1995 - 15. MĂ€erz 1995
- Kutter et l'expressionnisme européen, Musée national d'histoire et d'art, Stad Lëtzebuerg, 7. Juli 2007 - 19. August 2007
Literatur
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]- Haag, Emil, 2011. Joseph Kutter *1894 â 1941 et Lucien Wercollier *1908 â 2002, les grands maĂźtres de l'art, In: Une rĂ©ussite originale - Le Luxembourg au fil des siĂšcles; LĂ«tzebuerg (Ăditions Guy Binsfeld), 2011; 576 SĂ€iten (ill.); ISBN 978-2-87954-235-5, Ss 376-385.
- Kayser, Lucien, 2009. face à face: la fonction publique et l'art luxembourgeois. Confédération générale de la fonction publique. Lëtzebuerg. ISBN 978-2-87954-212-6. (Ss. 18-19)
- Jean Luc Koltz, Edmond Thill: Joseph Kutter, LĂ«tzebuerg, Ăditions Saint Paul, 2008, 2. iwwerschafft an erweidert Oplo, e "catalogue raisonnĂ© de l'Ćuvre" mat 640 Reproduktioune vu Wierker an Illustratiounen am Text
- Jean Luc Koltz, Fabienne Pietruk: Kutter et l'expressionnisme européen, Publications du Muséee national d'histoire et d'art, Lëtzebuerg, 2007 ISBN 978-2-87985-017-7
- FrĂ©dĂ©ric Humbel, JK-La vie et l'Ćuvre de Joseph Kutter, Luxembourg, 1994.
- Joseph-Ămile Muller: "Joseph Kutter, der Maler der Melancholie", in: VoilĂ Luxembourg Nr. 4, AbrĂ«ll 1992, S. 24-33.
De Joseph-Ămile Muller huet 1945, 1946, 1967 an 1981, am Ganze vĂ©ier Monographien iwwer de Kutter erausginn.
Kuckt och
[Ànneren | Quelltext Ànneren]Um Spaweck
[Ă€nneren | Quelltext Ă€nneren]|  Commons: Joseph Kutter â Biller, Videoen an Audiodateien |
- Biographie vum Joseph Kutter
- SÀit vun der Regierung iwwer Les Luxembourgeois célÚbres
- Eng Rëtsch Tableauen
- SÀit vum Lëtzebuerger Konscht- a Geschichtsmuséeiwwer de Joseph Kutter
- SÀit vum Lëtzebuerger Konscht- a Geschichtsmusée iwwer d'Wierker vum Joseph Kutter - Ausstellung vum 7. Juli bis 19. August 2007
- CNA: Film iwwer de Kutter
- Becker N. Joseph Kutter, l'incompris op wort.lu den 2. Januar 2016
- Becker N. La revanche de Joseph Kutter am Luxemburger Wort, 2./3. Januar 2016, S. 18
- En Artikel iwwer de Kutter am Lëtzebuerger Land
Referenzen
[Quelltext Ă€nneren]- 1 2 Evy Friedrich, Was bedeuten die StraĂennamen der Stadt ? an ons stad, 17/1984, S. 25
- â Zum Gedenken an Joseph Kutter am Luxemburger Wort, 7. Oktober 2017, S. 32
