Op den Inhalt sprangen

Plat

Vu Wikipedia
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Begrëff aus der Gastronomie. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Plat (Homonymie).
De Wiener Schnitzel mat Gromperenzalot ass e bekannten Haaptplat aus Éisträich.

E Plat (op Franséisch ausgeschwat) ass a e Begrëff aus der Gastronomie fir en Iessen, dat duerch kulinarescht Kënnen aus e puer Liewensmëttel zoubereet gouf, an dat prett ass fir konsuméiert ze ginn.

E Plat kann en eenzele Bestanddeel vun engem Iesse sinn oder eng eegestänneg Moolzecht. Bei engem Iesse mat méi wéi engem Plat kann een tëscht Entrée, Haaptplat, Tëschegank an Dessert ënnerscheeden.

An engem Restaurant heescht d'Lëscht mat de verschiddene Platen de Menu. D'Instruktioune mat de geneeën Ingredienten an der Zoubereedungsweis vun engem e Plat ginn als Rezepter bezeechent.

Et kann een d'Platen och jee no Haaptzutat differenzéieren, an esou zum Beispill vun engem Geméis-, Fësch- oder Fleeschplat schwätzen. Unhand vun där Bezeechnung huet de Gaascht eng méi konkret Iddi, wat en als Iessen erwaart.

E Plat kann op Geschier, wéi zum Beispill op engem Teller oder an enger Schossel zerwéiert ginn, oder aus der Hand giess ginn.

 Commons: Plat – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]