Privat
| Dësen Artikel beschÀftegt sech mat dem soziologeschen a juristische begrëff "privat". Fir lëtzebuergesch Medien, kuckt wgl. Privat (Medien). |
Privat (vum lat. privatus, PPP vu privare, âofgesonnert, getrennt, ewech vunâ, privatum, âdat Eegentâ a privus, âwar fir sech besteetâ) gi GĂ©igestĂ€nn, BerĂ€icher an UgeleeĂ«nheete genannt, dĂ©i net fir d'Allgemengheet sinn oder zougĂ€nglech sinn, mĂ€ just enger eenzeler Persoun oder enger limitĂ©ierter Grupp vu Persoune gehĂ©ieren, dĂ©i sech no stinn.
Am allgemenge Sproochgebrauch ass mat privat meeschtens de Contraire vun "ëffentlech" (oder "public") gemengt. Et bedeit da sou vill wéi "perséinlech" oder "an engem vertraute Kader" (z. B. an der Zesummesetzung "PrivatsphÀr").
An der Ekonomie an an der Gesellschaft gi mat "privat" déi Organisatiounsforme bezeechent, déi net "ëffentlech", dat heescht vu staatlechen oder para-staatleche Strukture gedroen oder geleet ginn (z. B.: Privatschoulen, Privat-Televisioun, etc.). Vu Privatiséierung gëtt an deem Kontext geschwat, wann eng ëffentlech TrÀgerschaft un eng privat iwwerdroen (z. B. duerch Konzessioun) oder verkaaft gëtt. D'Géigendeel an deem Fall ass "Verstaatlechung".