Op den Inhalt sprangen

Vulkanit

Vu Wikipedia
Rhyolith: E Vulkanit mat porphyrescher Struktur. Asprenglinge aus haaptsÀchlech rosafaarwenem Feldspat an dÀischterem Quarz leien an enger granuléiser roudelzeger Grondmass aus de glÀiche Mineralen vir.

Vulkanit (och vulkanescht Gestengs, Ergossgestengs, Eruptivgestengs, Effusivgestengs oder Extrusivgestengs) ass e Gestengs, dat duerch vulkanesch AktivitĂ©it a sĂ©iert Ofkille vun der Gestengsglasur op der ÄerduewerflĂ€ch entsteet. Vulkanitte gĂ«tt et als Lavastroum oder als Pyroklasten resp. Pyroklastesch Sedimenter. Si bilden zesumme mat de Plutonitten (DĂ©ifgestengs), dĂ©i aus lues an dĂ©iwe BerĂ€icher vun der Äerdkuuscht ofkillender Glasur (Magma) entstinn, d'Grupp vun de magmatesche Gestengs (Magmatitte). GeleeĂ«ntlech gĂ«tt Gestengs, dat am IwwergangsberĂ€ich vu Vulkanitten a Plutonitte verhĂ€ert sinn, als Subvulkanitte bezeechent.

In-situ-Genesis vun engem Vulkanit: E basaltesche Lavastroum op Hawaii
Ausworf vun Tephra um Mount St. Augustine

Eruptivgestengs ass am Géigesaz zum Déifgestengs dacks reng granuléis oder souguer glaseg verhÀert, wat zu enger méi glÀichméisseger Fierwung féiert. Grond dofir ass déi séier Ofkillung, wéinst der kuerzer ZÀit déi fir de Wuestem vu grousse Kristalle bleift. Ginn awer an der Magmakummer kultivéiert Kristalle matgefouert a bei der Kristallisatioun vun der Glasur als Asprenglinge an der feiner Grondmass ageschloss, da schwÀtzt ee vun engem Gestengs mat porphyrescher Struktur, wat fir vill Vulkanitte charakteristesch ass. Als Lavastroum verhÀerten Eruptivgestengs kënne vill duerch vulkanesch Gase geformte Blosenhuelraim enthalen. WÀrend dem Ausfléisse vum Lavastroum kann et duerch Areglung vun tafelege oder stÀngelege Kristallen parallel zu der Fléissrichtung zu der Ausbildung enger sougenannter Fléisstextur resp. enger trachytescher Struktur kommen. Op pyroklasteschem Wee verdeelt Vulkanitte (Tephra, z. B. Tuff, Bimssteen) lagere sech dacks schichteweis of a bilde sou en Iwwergank zu de Sedimenter.

De Mineralbestand vu vulkaneschem Gestengs ass villfÀlteg a spigelt eng Rei vu Prozesser vun der Magmagenesis an der Ofkillungsgeschicht vum Magma (fraktionéiert Kristallisatioun) zeréck. Heefeg optriedend Minerale sinn z. B. Quarz, Feldspat, Foide, Pyroxene, Olivin, Amphibole, Magnetit an aner Oxide. Dacks enthalen Vulkanitten och Aschlëss vun Niewegestengs (Xenolithe), dat an d'Magmakummer gestierzt ass oder wÀrend dem Eropkomme vum Magma vun de SchaarschtegwÀnn matgerass gouf. En typescht Beispill sinn hei déi an de Basaltstufe vun der VulkanÀifel ze fannen, d'Olivinbommen. Analog zu de Plutonitte léisst sech duerch Magmadifferentiatioun eng graff Reiefolleg vu vulkaneschem Gestengs no senger Differentiatioun (wéineg no héich) uginn:

Pikrit oder Basanit → Basalt → Andesit → Trachyt → Dazit → Rhyolith → Alkalifeldspatrhyolith

Klassifikatioun a Beispiller

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
Klassifikation der Vulkanite im Streckeisendiagramm.

Jee no Aart vum vulkanesche Gestengs kënne verschidde Klassifikatiounsmethoden ugewannt ginn. Verbreet ass d'Andeelung mat Hëllef vum Streckeisendiagramm unhand vun hirem Mineralbestand. Rengbrécheg oder glaseg Vulkanitte ginn am TAS-Diagramm no hirer cheemescher Zesummesetzung klassifizéiert. Weider Andeelungsschemata besti beispillsweis fir ultramafesch oder alkalirÀich Vulkanitten, souwéi fir pyroklastesch Sedimenter.

E puer Beispiller fir Vulkanitte sinn:

Tephraschichtunge bei Weibern (Eifel). An der zirka 30 m hĂ©ijer Wand sinn ettlech vulkanesch Oflagerungszyklen opgeschloss, d'Schichte bestinn virun allem aus Bims an Äschen.

Vulkanesch Gestengs goufen an allen ÄerdzĂ€italteren geformt an entstinn och haut a Gebidder mat aktiver vulkanescher AktivitĂ©it. Vulkanitte trieden op alle Kontinenten op, besonnesch a BerĂ€icher rezenter oder frĂ©ierer KontinentalplackerĂ€nner, Rifts an Mantle Plumes. DĂ©i volumenmĂ©isseg bedeitenst Grupp sinn d'Basalte vun den Ozeanbueden, dĂ©i an de mĂ«ttelozeanesche RĂ©ck geformt ginn (MORB). D'Existenz vu Vulkanitten sinn net nĂ«mmen op der Äerd, mĂ€ och op Ă€erdĂ€nleche PlanĂ©iten an hire Mounden bekannt. D'Maria vum Äermound sinn haaptsĂ€chleg basaltesch Lavadecken.

Portal Astronomie

  • Martin Okrusch, Siegfried Matthes: Mineralogie. EinfĂŒhrung in die spezielle Mineralogie, Petrologie und LagerstĂ€ttenkunde. 7., vollstĂ€nneg iwweraarbecht an aktualisĂ©iert Oplo. Springer, Berlin u. a. 2005, ISBN 3-540-23812-3.
  • Roger W. Le Maitre (Hrsg.): Igneous Rocks. A Classification and Glossary of Terms. 2nd edition, reprinted, 1st paperback edition. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2004, ISBN 0-521-61948-3.
  • John D. Winter: An introduction to igneous and metamorphic petrology. Prentice Hall, Upper Saddle River NJ 2001, ISBN 0-13-240342-0.
 Commons: Volcanic rocks – Biller, Videoen an Audiodateien