Op den Inhalt sprangen

Zincourt

Vu Wikipedia
Zincourt
Land FrankrÀich
RegiounGrand Est
Departement Vosges
ArrondissementÉpinal
Kanton BruyĂšres
Koordinaten 48° 18’ 32’’ N
      06° 26’ 25’’ O
FlÀch  447 ha
Bevëlkerung  92 (2014)
Lokalisatioun vu Zincourt am Département Vosges an a FrankrÀich

Zincourt ass eng franséisch Gemeng an de Vogesen an der Regioun Grand Est.

Zincourt lÀit um Westrand vum Bëschmassiv Bois des Evreux an um Zesummelaf vun der Cuite an der Biniouze déi duerno um Lieu-dit Pont de Pierre westlech vu Pallegney an den Durbion lafen.

D'Uertschaft ass un d'Stroossennetz ugeschloss iwwer d'Departementale D12.

D'Awunner vu Zincourt sinn d'Zincurtiens.

D'Kierch vum hellege Felix zu Zincourt
  • Zu Zincourt goufe Krazen aus der AlstĂ€inzĂ€it fonnt.
  • Aus der RĂ©imerzĂ€it si Reschter vum Kiem Langres-Stroossbuerg, a vun engem Balneum ze gesinn.
  • De Barong Virgile Demarche, deen e Vassal vum Herzog vu Loutrenge war, hat am Zentrum vum Duerf e Schlass, de ChĂąteau Demarche opgeriicht. Hien hat och e ronne Sprangbur baue gelooss, deen haut nach op der Kiercheplaz steet.

ErnimmenwÀertes

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • D'Cascade de la Pisse
  • En EcomusĂ©e iwwer Brennerei
  • Den Darry Cowl hat eng ZĂ€it seng zweet Residenz zu Zincourt.
 Commons: Zincourt – Biller, Videoen an Audiodateien