Op den Inhalt sprangen

Fernand Mertens

Vu Wikipedia
Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir hÀerzlech invitéiert, aus dëse puer SÀtz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fernand Mertens
Gebuer 29. Februar 1872
Léiwen
Gestuerwen 9. Juli 1957
Beetebuerg
Alter 85 Joer
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Dirigent, Musekolog, Komponist, Dozent

De Fernand Mertens, gebuer den 29. Februar 1872 zu Louvain, a gestuerwen den 9. Juli 1957 zu Beetebuerg, war e belsche Komponist. Hien huet awer souzesoe sÀi ganzt Liewen zu Lëtzebuerg verbruecht an do geschafft. Dofir gëtt hien och zu de grousse lëtzebuergesche Komponiste gezielt.

De Fernand Mertens ass den 29. Februar 1872 als Jong vun engem einfache Fabrécksaarbechter op d'Welt komm. Hie war dat jéngst vun 10 Kanner. De Fernand Mertens ass zu Louvain an d'PrimÀrschoul an duerno och do an de Kolléisch gaangen. Well en ëmmer Freed un der Musek hat, wéi de Musekskritiker Léon Blasen eis erzielt, ass hie scho fréi an de Conservatoire zu Louvain gaangen an huet mat 12 Joer den éischte PrÀis am SolfÚge a mat 14 Joer den 1. PrÀis an der Braatsch kritt. Duerno huet hie sech an d'Normalschoul ageschriwwen. Hie war der Schoul awer geschwë midd an ass net Schoulmeeschter ginn, wéi seng Eltere wollten, mÀ huet sech eng Plaz gesicht. De jonke Fernand ass an déi belsch Arméi gaangen a koum als élÚve-cornet an de Musekscorps. 1897 ass hien dunn an d'MilitÀrmusek zu Lëtzebuerg agetratt. Vun do u war sÀi Wee gemaach:

  • 1901: Dirigent vun der Diddelenger Stadmusek
  • 1903: Dirigent vun der Hollerecher Musek
  • 1909: Concours fir d'Dirigenteplaz vun der MilitĂ€rmusek, aus deem hien als Ă©ischten ervirgaangen ass, a krut doropshin dat selwecht Joer seng Ernennung an dĂ€r Funktioun
  • 1918 gouf de Fernand Mertens zum Haff-Kapellmeeschter ernannt
  • Hie war och Professer am Museksconservatoire bis zu senger Altersgrenz am Joer 1937

Nodeem e sech 1937 op Beetebuerg zeréckgezunn hat, ass hien do 1957 gestuerwen a gouf den 11. Juli 1957 um Nikloskierfecht begruewen.

Zu Beetebuerg an an der Stad Lëtzebuerg dréit jee eng Strooss sÀin Numm.

Eng grouss Varietéit zeechent dem Fernand Mertens sÀi Wierk aus. Déi follgend Lëscht ass net komplett. Nëmmen déi bekanntst Kompositioune sinn opgeféiert:

De Fernand Mertens ass virun allem bekannt als Komponist vun de MĂ€rsch:

  • Grande-Duchesse Charlotte Marsch (de bekanntsten)
  • Prince Jean Marsch
  • Princesse Josephine-Charlotte Marsch
  • LĂ«tzebuerger Zaldotemarsch
  • Ettelbruck, Porte des Ardennes
  • Salut Ă  Differdange
  • LĂ«tzebuerg Rousestad

Aner Kompositiounen

[Ànneren | Quelltext Ànneren]
  • eng Partie PotpourriĂ«n an Arrangementer wĂ©i d'Dicksiana oder de ScholdschĂ€in an Spuenescht Blutt
  • Eng Mass zu Éiere vun der Muttergottes vu LĂ«tzebuerg, dĂ©i 1950-51 fir gemĂ«schte Chouer, Uergel an Orchester bestĂ«mmt war.
  • Ouverture mat dem Titel MĂ«llerdall.
  • ScĂšnes luxembourgeoises a fĂ«nnef Deeler.
  • E puer Lidder wĂ©i:
    • AbrĂ«ll,
    • Meereenchen,
    • Op der Heed,
    • Et reent, et reent
  • Zwee Muttergotteslidder:
    • Ons lĂ©if Fra vu LĂ«tzebuerg an
    • Mutter der Liebe
  • Zwee Lidder aus dem Exil (Texter vum Lambert Schaus):
    • Le'wen hellegen ZinniklĂ©schen
    • ChrĂ«schtlidd
  • Officier de l'ordre de la couronne de chĂȘne (Promotioun 1952)[2]
  • Chevalier avec Couronne vum Ordre de Nassau „Pour le mĂ©rite civil et militaire“
  • Chevalier de l'Ordre de LĂ©opold
  • Chevalier de l'Ordre de la Couronne
  • Chevalier de l'Ordre de LĂ©opold II
  • MĂ©daille en Or de l'Ordre Pontifical „Bene Merenti“
  • MĂ©daille de Ire classe de la Reconnaissance Nationale (MĂ©daille du Roi Albert)
  • MĂ©daille CommĂ©morative du rĂšgne de LĂ©opold II
  • Palmes d'Officier de l'lnstruction Publique
  • Croix de Service avec Couronne de l'lnsigne en Argent de la SociĂ©tĂ© des „Arts, Sciences et Lettres“
  • Blasen, LĂ©on: LĂ«tzebuerger Komponisten, Erausgin 1988 vun der „LĂ«tzebuerger Stad-Musek
  1. ↑ Doudesannonce vum Fernand Mertens. Luxemburger Wort. eluxemburgensia.lu (10 Juli 1957). Gekuckt den 10.01.2023.
  2. ↑ Bulletin d'information N°1-2 vum 29 Februar 1952 vum Service "Information et Presse" op der SĂ€it 33